
© Patrick Greis
De Guy Weber huet am Summer säin Hutt als 'Informatiounschef' bei RTL geholl. Am Haus mat den 3 Buschtawen huet hien an all Beräicher eragesinn, wou een als Journalist Erfarunge sammele kann. Vum Reporter bei Radio an Televisioun bis zum Chefredakter vun der Tëlee an um Enn huet hien all d'Redaktioune vun RTL geleet an d'Richtung virginn. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten seng vill aner Talenter a privat Interessie kennegeléiert. Den FC Liverpool iwwerhëlt a sengem Liewen e grousst Kapitel. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Guy Weber wéi hien, fir den DNA un ee vun de Käpp an der Waldbëlleger Affär koum. Et gëtt gutt Nouvelle fir d'Frënn vun där Sendung a mir héiere firwat d'Martina Navratilova net sou gutt op den RTL Journalist ze schwätze war.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen