Fir TV-Sendunge gëtt et zu Lëtzebuerg nach keng Präisser, awer DNA mam Guy Weber hätt mat Sécherheet eng Unerkennung verdéngt gehat. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten an der Vergaangenheet vum fréieren RTL-Journalist gewullt a sinn natierlech och op d'Ufäng vun der 'true crime' Emissioun gestouss, wou al Affären a Fäll nees nei opgerullt goufen. Piano: Marc Schmidt

19-12-2024 RTL-Afterwork: mam Guy Weber (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Guy Weber ob hien éischter ëmmer gutt preparéiert ass oder alles dem Zoufall iwwerléisst. Mir ginn gewuer dass hien zu Stroossbuerg studéiert huet an héieren op hien zu der Fraktioun vun de Streber gehéiert huet an hie verréit wat hie gi wier, wann dat mam Journalismus net geklappt hätt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen