De Guy Weber ass e grousse Virwëtz an huet als Informatiounschef bei RTL sengen Ekippen ëmmer agetriichtert no bei de Leit ze sinn, sech um Terrain z'informéieren a mat de Leit z'ënnerhalen, an d'Informatiounen esou weider ze ginn, dass jiddereen eppes domadder ufänke kann. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och en Abléck a seng Aarbechtsweis kritt, déi och am Privaten net vill aneschter ass, Saachen am Fong ze maachen. Piano: Marc Schmidt

20-12-2024 RTL-Afterwork: mam Guy Weber (Freideg)

Muer géint 17h15 gëtt den Thema 'Vëlofueren' nach mam Guy Weber verdéift. Mir gi gewuer dass hie schonn vill Accidenter hat, bei deenen et net just mat bloe Plazen duergoung. Hien zielt wat hie vun rouden Teppecher hält a seet dass et am Liewen scho munchmol hëlleft, wann engem säi Gesiicht vun der Tëlee bekannt ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen