
© Patrick Greis
De Guy Weber huet nach an der Villa Louvigny ugefaangen fir RTL ze schaffen. No senge Studien war hien fir d'éischt beim Radio, ier en iwwer de Sport och bei d'Televisioun koum, an dëse Summer ass hien als Informatiounschef vun RTL a seng wuelverdéngte Pensioun gaangen. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten de leidenschaftleche Vëlosfuerer awer och op d'Schietsäiten vu sengem groussen Hobby ugeschwat. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 gëtt et déi bescht Momenter aus de leschte Wochen mat Extraiten aus Gespréicher mam Jeannot Waringo, Fernand Etgen, Biggi Lechtermann a Jean-Claude Juncker.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen