Mat enger Gedenkzeremonie gouf de Moien un d’Ardennenoffensiv haut virun 80 Joer geduecht. De 16. Dezember 1944 huet Nazi-Däitschland eng lëscht Kéier probéiert d’Rudder ëmzeräissen, an den 2. Weltkrich fir sech z’entscheeden. Wéi mer haut wëssen, ouni Succès a mat enger héijer Zuel un Affer op béide Säiten. D’Diana Hoffmann war zu Héischdref bei Veianen, bei der Zeremonie dobäi.

16/12/2024 UPDATE Héischdref Ardennenoffensiv 18h (Online)

Et ass däischter a kal. 6 Auer Moies. Héischdref schléift nach. Haut virun 80 Joer war jidderee wakereg. Um 5h30 sinn éischt Granaten ageschloe. Um 6 Auer koumen déi däitsch Zaldoten hei duerch d’Our den Hiwwel erop iwwert d’Grenz. Den Ufank vun der Ardennenoffensiv. En Iwwerraschungs-Coup op deen déi amerikanesch Zaldoten uewen op de Koppen net preparéiert waren, wéi den Gemengeconseiller Jean-Paul Dimmer erkläert.

D'Amerikaner, déi däitlech an der Ënnerzuel sinn, kréien den onmëssverständlechen a gnadenlose Befehl: "Hold at all costs". Wat empfënnt een dësen Ament. Séier gëtt hinne bewosst, hier Aufgab ass et mat hirem Asaz an hirem Blutt ganz einfach Zäit ze gewannen. 

3 Deeg laang ass hinnen dat gelongen. 400 däitsch Zaldote sinn eleng am Hiwwel bei Héischdref gefall. D’Leed an der Zivilbevëlkerung war grouss. D’Ministesch Martine Hansen erzielt vun hiren Elteren, déi als Kanner de Krich am Norde materlieft, an iwwerlieft hunn.

Si haten awer och d'Chance Leit ze begéinen, déi gewëllt waren, hinnen ze hëllefen. Een däitschen Zaldot, deen seng Sécherheet op d'Spill gesat huet fir si ze warnen, an hinne gesot, wou d'Amerikaner wieren. An dann natierlech d'amerikanesch Zaldoten, déi prett do stoungen, fir ze hëllefen. An Familljen, déi si opgeholl hunn. Wëll si waren Flüchtlingen am eegenen Land. 

 

Honnerten Zivilisten zu Lëtzebuerg an Dausenden Zaldoten op béide Säiten hunn hiert Liewe verluer. Fir d’Amerikaner bleift dëst d'Landschluecht mat de meeschten Affer. Am ganze waren iwwert 1 Millioun Zaldote an der Offensiv involvéiert, seet d’Heike Peitsch, däitsch Botschafterin zu Lëtzebuerg. D'Versönung wier dono awer séier komm. 

Ich möchte unseren luxemburgischen Freunden ganz herzlich dafür danken, dass sie uns schon recht früh nach dem Ende des 2. Weltkrieges mit all seinen Schrecken die Hand zur Versöhnung gereicht haben. 

No den Discourse goungen déi gutt 100 Leit, déi de Moie komm waren an engem Fakelzuch an d’Kierch, wou kuerz no 7 Auer eng Mass gehale gouf.