Dës Woch mat de beschte Momenter aus interessante Gespréicher aus de leschte Wochen. De Jeannot Waringo ass de fréieren Direkter vun der 'Inspection générale des finances'. Den 72 Joer alen President vun den CFL weess awer net nëmme wéi ee mat Zuelen ëmgeet, mee ass och e Wuertakrobat, an dat a schrëftlecher an a geschwater Form. Am 'Café des artistes' gouf hien vum Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och nach op e puer aner Qualitéiten vu sech ugeschwat. Piano: Marc Schmidt

23-12-2024 RTL-Afterwork: mam Jeannot Waringo (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Cécile Hemmen iwwer déi negativ Säiten wann een prominent ass. Si ass ea vun engem Stalker op Schratt an Tratt suivéiert ginn, a ganz makaber war och wéi d'Cécile aus gesondheetleche Grënn laang Zäit net op der Antenne war, a sech verzielt ginn ass, d'TV Presentatrice wier gestuerwen, an e Mann mat Blummen bei d'Famill kondoléiere koum.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen