
© Patrick Greis
Dës Woch komme mer zréck op e puer vun de beschte Momenter aus de leschte Wochen. D'Cécile Hemmen ass e Miseler Meedchen duerch an duerch. De Wee bei d'Politik, wou se fir d'éischt 7 Joer Buergermeeschtesch zu Weiler-la-Tour a spéider 10 Joer d'Bänk als Deputéiert um Krautmaart gedréckt huet, huet iwwer d'Medien gefouert. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och iwwer Fluch a Seegen vun der Prominenz duerch déi vill Präsens op der Televisioun geschwat. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Fernand Etgen wéi et koum, dass hien Kaalber lahm geluecht huet, wéi Lëtzebuerg 2015 d'Presidence hat an d'Baueren demonstréiert hunn. Mir héieren dass hien säin Facebook selwer à jour hält fir méiglechst gutt eriwwer ze kommen a ginn gewuer firwat hien eng Kéier zu Colmer-Bierg passéiert ass, fir Punkten ze sammelen.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen