Dës Woch gi mer e puer Wochen zréck fir eng Auswiel vun de beschte Momenter. 1957 ass de Fernand Etgen zu Ettelbréck gebuer. Hien ass e Sonndeskand. Mat 22 Joer ass hien Member vun der DP ginn an huet sech fir d'éischt op lokaler Basis engagéiert. 2007 huet hien de Sprong an d'Chamber gepackt an wéi hien am Dezember 2013 Minister ginn ass, huet hien no bal 20 Joer de Stull vum Buergermeeschter geraumt. Legendär war seng Zäit als Chamberpresident tëscht 2018 an 2023. Am gemittleche Kader vum 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten hien mat e sëllegen lëschtegen Geschichten konfrontéiert. Piano: Marc Schmidt

25-12-2024 RTL-Afterwork: mam Fernand Etgen (Mëttwoch)

Muer géint 17h10 zielt d'Biggi Lechtermann, dass si eng zweete Kéier vun enger verstoppter Kamera erageluecht gouf, an déi Kéier op enger Hochzäit. Mir ginn gewuer wéi eng Emissiounen se leider ni ze moderéiere krut an och si muss sech entscheeden am Mike senger Rubrik 'léiwer oder léiwer'.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.