An der Vakanzewoch gëtt et e Réckbléck mat de beschte Momenter aus de vergaangene Wochen. D'Animatrice Biggi Lechtermann, déi bei 'Radio Luxemburg' ugefaangen huet, ier hire Wee bei RTL plus, ZDF awer och VOX gefouert huet, weess, dass si Lëtzebuerg vill ze verdanken huet. Hei huet se schliisslech och hire spéidere Mann Willy Knupp kennegeléiert, deen laang Joren d'Formel 1 op RTL plus kommentéiert huet. Se huet eng Duechter an ass zanter Oktober d'lescht Joer frësch bestuet. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten goung et och ëm eng Fal bei 'Verstehen Sie Spass!". Piano: Marc Schmidt

26-12-2024 RTL-Afterwork: mam Biggi Lechtermann (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Jean-Claude Juncker dass hien schonn laang net méi fëmmt. Mir ginn gewuer wéi hien relaxt, Et geet ëm de Führerschäin an RTL.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.