Déi ganz Woch gi mer zréck op e puer flott Gespréicher aus de leschte Wochen. De Jean-Claude Juncker ass gewinnt d'Haaptroll ze hunn, egal op an engem Meeting zu Bréissel oder op der Weltbün. Hien stoung jorelaang an der éischter Rei bei de grousse Sommeten an huet sech mat de Staatscheffen vun der Welt ausgetosch. Am 'Café des artistes' am Gronn haten den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten déi grouss Chance sech 1 Stonn mat him z'ënnerhalen an hu versicht alles iwwer dee Mann gewuer ze ginn, deen et vum einfachen Deputéierten, bis zum Europäeschen Kommissiounspresident bruecht hat. Piano: Marc Schmidt

27-12-2024 RTL-Afterwork: mam Jean-Claude Juncker (Freideg)

Muer géint 17h15 zielt de Bodyguard Rainer Schanz wéi hien den Dag nom Mauerfall zu Berlin mam Willy Brandt ënnerwee war, an deen eng Tréin verdréckt huet. Rieds geet awer och vum leschten Agentenaustausch op der Glienicker Brücke zu Potsdam wou hien derbäi war, a wéi dat deemools alles ofgelaf ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.