
© Patrick Greis
Rétroen gëtt et der vill de Moment. Och mam Afterwork kucke mer zréck op e puer flott Gespréicher aus de leschte Wochen. De Rainer Schanz ass Bodyguard vu Beruff. Hien war fir d'Sécherheet zoustänneg vum Otto Schily, Walter Momper, Helmut Kohl, Gerhard Schröder, Willy Brandt an Angela Merkel. Natierlech géif een do bei offiziellen Terminer gäre Mäischen spillen, an de Persouneschützer gëtt dës Woch en Abléck a seng villsäiteg Aarbecht un der Säit vu bekannte Leit. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten e Mann bei sech, deen dacks derbäi war, wann Geschicht geschriwwe gouf. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Nosi wéi e mat 17 Joer als Éisleker Bouf drop koum am Melu als DJ opzeleeën. Mir gi gewuer wéi et zu sengem Hit 'schëdden' koum, an héiere wéi e wéinst enger Wett 1l Glace giess huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 11 an 12 hei um Radio an där Woch wou kee Presseclub ass