
© Patrick Greis
Dës Woch héiert der e 'Best of' vu Gespréicher aus de leschte Méint. Nach steet den Nosi als DJ am Virprogramm vun engem Paul Kalkbrenner a Robin Schulz, mee wann et him nogeet - an d'Virzeeche sinn gutt - kann een hien an Zukunft, an engem Otemzuch mat deene Groussen aus dem Business nennen. Am 'Café des artistes' huet den Eric Nosbusch dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten aus senger Ufankszäit verzielt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 verréit de Raymond Bernard, de fréiere Butler vum Grand-Duc Jean, wéi hien dem Kinnek vu Jordanien Baartseef bei de Grand-Duc ausléine war. Mir héieren ob et besonnesch schlëmm Royals ginn, déi d'Personal vun uewen erof bekucken, a gi gewuer wéi d'Relatioun mat Presidenten ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen