Wärend der Vakanz héiert der e 'Best of' vu Gespréicher aus de leschte Méint. Als Majordome, Maître de cérémonie oder Butler vum Grand-Duc hat de Raymond Bernard zwar wärend senge 40 Joer um Haff ëmmer schéin Uniformen un, awer et war ni fir den Herrschaften d'Show ze huelen a sech selwer an de Mëttelpunkt ze stellen. Am 'Café des artistes' am Gronn huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt dass hien och soss alt emol ausgehollef huet wann héich Prominenz op Lëtzebuerg koum. Beispillsweis bei groussen Acteuren wéi dem Alain Delon oder dem Beau aus 'Dirty Dancing'. Piano: Marc Schmidt

31-12-2024 RTL-Afterwork: mam Raymond Bernard (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Lydie Polfer firwat si zu Grenoble Droit studéiert huet an néirens soss. Mir héieren wéi e 'Bizutage' anescht ausgaangen ass wéi geduecht, an héieren och firwat si sou gutt griichesch versteet an do kënnt d'Wëssen net just aus de Bicher.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen, an e Sonndeg tëscht 11 an 12 héier dir um Radio déi bescht Momenter aus dem Gespréich