
© Patrick Greis
Déi ganz Vakanz héiert der e 'Best of' vu Gespréicher aus de leschte Méint aus dem RTL Afterwork. Gefillt war d'Lydie Polfer schonn ëmmer do, an der politescher Landschaft. 1979 goung et lass als jonk Deputéiert, vun 1982 als Buergermeeschtesch, 1985 goung et och an dat europäescht Parlament an 1999 koum se als Ausseministesch an d'Regierung, fir nëmmen déi Statiounen ze nennen. Am 'Café des artistes' am Gronn ass d'Mme Polfer awer och un hier Studentenzäit erënnert ginn vum Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Detlef Steves wat hien vun 'Summerhaus der Stars' hält a firwat hien a keen Reality-Format geet. Mir héieren wéi hien sech bei 'Let's Dance' gequäält huet a wat hien iwwer de Jurysmember Joachim Llamby denkt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen