Bis no der Vakanz héiert der e 'Best of' vu Gespréicher aus de leschte Méint. Den Detlef Steves kennt een vun der däitscher Televisioun, mee en huet och schonn eng Kéier eng éierbar Aarbecht gehat a war Gastronom. E war awer och 'Rausschmeisser' oder huet Autosstécker ausgeliwwert bis hien e Fouss an d'TV-Welt gesat huet. Mat 'Ab ins Beet!' goung et lass, mëttlerweil ass den Detlef Steves a ganzer 26 däitsche Reality-TV-Formater opgedaucht. Am 'Café des artistes' ass en zwar net explodéiert mee huet dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten en Abléck a säin ofwiesslungsräicht Liewen ginn. Piano: Marc Schmidt

02-01-2025 RTL-Afterwork: mam Detlef Steves (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Caroline Mart wéi d'Reaktiounen op den éischten TV Optrëtt waren. Mir héieren wéi et deemools war schwanger an enger Redaktioun mat Männer ze schaffen a firwat deemools Tréinen doheem gefloss sinn.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen