
© Patrick Greis
Déi ganz Vakanz duerch gëtt et eng Retro mat de flottste Momenter aus rezente Gespréicher vum RTL Afterwork. E Plang B gouf et fir d'Caroline Mart u sech net. Journalismus an RTL stoungen fréi fest, an deenen 3 Buschtawen bleift d'Mme 'Kloertext' och bis haut trei. Déi grouss Walsendungen, d'Sonndesfro oder den Interview mam Premier um Enn vum Joer fir just déi ze nennen, kann ee sech net méi ouni d'Caroline virstellen. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten vill schéin Storyen héieren déi deemools nach méiglech waren an dobäi huet d'Caroline och de Spagat tëscht Mamm a Beruff gemeeschtert. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 ass et um Kach Ben Weber mat sengem Markenzeeche sengem Hutt. Gläichzäiteg ass de Ben och President vum VATEL-Club, déi all 4 Joer d'Expogast organiséieren, wou déi kulinaresch Welt sech zu Lëtzebuerg Rendez-vous gëtt. Dass hien dee Wee ageschloen huet leit ganz eleng u senger Mamm, där hir Kichen sengen Uspréch net gerecht ginn ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen