
© Patrick Greis
Bis d'Schoul nees ugeet gëtt et déi bescht Momenter aus de leschte Wochen. De Ben Weber ass Kach vu Formatioun an huet et schonn a jonke Joren bis an d'Spëtz vum renomméierten Vatel Club bruecht, deen all 4 Joer zu Lëtzebuerg d'Expogast organiséiert, wou d'Käch vun der ganzer Welt sech matenaner moossen. Och hien ass schonn vill gereest an huet sech vu Land a Leit inspiréiere gelooss. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten huet een och séier säin speziellen Humor eraushéieren, zemol wéi et drëms gaangen ass wat hien bei d'Kachmaschinn bruecht huet. Seng Mamm. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Direkter vum Mierscher Theater, dem Claude Mangen. Eis zielt hien wéi hien Acteur ginn ass an dass do d'Massendénger net ganz onschëlleg waren. Mir héieren wéi den Thierry van Verwecke bei him ënnerdaach koum an op wéi eng originell Manéier hien säin 50ten gefeiert huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen