Raumen - fir vill Leit eng ganz lästeg Saach an dacks och well laang iwwerfälleg. De Garage, de Keller an de Späicher, zum Beispill, sti voll mat Saachen déi een eigentlech net méi brauch an déi een awer aus iergend engem Grond nach ëmmer hält. Ganz gäre fëllt sech awer och de Kleederschaf iwwert d'Joren. Dat mierkt een da spéitstens wann d'Kleeder konsequent mussen op de Stull geparkt gi well näischt méi an dee Schaf passt. Kënnt Iech bekannt vir? Da bleift drun.

13/11/2024 Marie Kondo: Raume fir d'Liewen

Methode fir doheem ze raumen, ginn et der genuch. Déi eng sinn dann och méi effikass wéi déi aner. Ma eppes hu se alleguerten dacks gemeinsam an zwar dat, dass d'Wunneng dono awer séier nees ausgesäit wéi wann ee mam Bulldozer doduerch gefuer wier. Ma et soll awer eng Method ginn déi anescht soll si wéi dat wat ee sou kennt, virun allem méi durabel. Riets geet vun der sougenannter Marie Kondo Method. Wat dohannert stécht, erkläert
d'Louise Basenach, zertifiéiert KonMari Beroderin:

"Bei där Method geet et drëms, dass een a Kategorie raumt. Et fänkt een u mat de Kleeder, da Bicher, da Pabeier, da "Komono", dat heescht Verschiddenes an als lescht sentimental Objeten. Et ass ganz wichteg, dass een och an där Reiefolleg raumt. An da geet een am Fong all Objet am Haus oder an der Wunneng duerch an et stellt ee sech all Kéier d'Fro ob dat engem Freed mécht. Mat där Fro gëtt een dann duerch dee ganze Prozess geleet."

Deen dann, dem Marie Kondo no, nëmmen eemol am Liewe muss gemaach ginn. Et schéngt awer evident, dass nu mol net all Objet deen een doheem huet, forcement reng dowéinst do ass well e Freed mécht. Do sollt ee sech dann éischter dës Fro stellen:

"Firwat brauch ech deen Objet? Wann et zum Beispill elo Tupperware ass, dat kënnt ganz oft wou d'Leit soe si hätten net onbedéngt Freed mat Tupperware, ma da freet ee sech firwat een dat brauch? Sécherlech fir säin Iessen dran ze maachen an dat mécht engem da Freed."

Et kann ee sech virstellen, dass dës Method nawell genuch Zäit an Usproch hëlt well déi meescht vun eis hu jo nawell méi wéi genuch doheem ugesammelt.

"Genau, dat dauert normalerweis och Woche bis Méint oder souguer méi laang. Natierlech hänkt et och dovunner of wéi vill ee raumt, ob een all Dag raumt, wéi vill Zäit an och Motivatioun een huet. Oft ass natierlech d'Motivatioun déi feelt bei de Leit oder d'Leit schaffen an hu keng Zäit a wëssen och net wierklech richteg wéi d'Method da fonctionéiert. Dowéinst ass et ganz perséinlech wéi laang et dauert."

Een Objet no deem aneren an de Grapp huelen a sech ëmmer nees d'Fro stellen: Mécht dee mir Freed respektiv firwat brauch ech en? Domadder misst een dann eng ganz Partie Saache lass ginn. Ganz wichteg ass, dass een déi Kategorie wéi gesot der Rei no duerchgeet a réischt mat där nächster ufänkt wann een déi aner bis fäerdeg huet.