
© RTL Infos / Maxime Gonzales
Zanter véier Joer bitt d’Stad Lëtzebuerg Visitte vu "Secret Places" un. All véier bis sechs Woche kënne Jonker tëschent 12 a 26 Joer aussergewéinlech Plazen um Stater Terrain entdecken.
Um Programm stinn an deenen nächste Méint ënnert anerem de Centre de Remisage et de Maintenance vun der CFL, d’Cité judiciaire, d’Äispist op der Kockelscheier oder de Stade de Luxembourg.
De Paul Galles, responsabele Stater Schäffe fir d’Jeunesse, erkläert, wéi d’Iddi fir de Projet "Secret Places" entstanen ass: "Et ginn an der Stad eng ganz Rei flott Plazen, déi eigentlech net fir de Public zougänglech sinn. Dat heescht do muss een eragelooss ginn. Dat sinn och Plazen déi eng Geschicht erzielen, déi eng Wichtegkeet hunn an déi et interessant ass ze entdecken. Dat do sinn och lauter Plazen déi vum Numm hier eigentlech bekannt sinn. Mir wëssen theoretesch wat et ass, waren awer nach ni do."
D’Visitten daueren ëmmer tëschent enger an zwou an enger hallwer Stonn. All d’Visitte fannen a Presenz vun enger verantwortlecher Persoun vum Service Jeunesse vun der Stad Lëtzebuerg, an ënner Opsiicht a Betreiung vun enger Persoun vun där jeeweileger Plaz, statt.
Paul Galles wëll virun allem Jonker erreechen: "Déi Jonk liewen an enger Zäit an där den Zougang zu Informatioun enorm ass. Doduerch kritt ee séier den Androck, dass ee schonn alles weess, a gesinn an héieren huet. Dat stëmmt awer eben net. D’Welt huet nach ganz verstoppten Ecker, déi awer ganz interessant si fir ze entdecken. An déi Jonk sinn natierlech déi, déi an hirem Liewe gär entdecken. Dofir wollte mir grad deene Jonken dat do ubidden."
Déi nächst Visitte ass donneschdes den 23. Januar op der Kockelscheier op der Äispist.
Hei kënnt dir iech beim Service Jeunesse vun der Stad Lëtzebuerg umellen!