Sidd Dir vläit schonn am gaangen déi nächst Vakanzen ze plangen an Dir wësst nach net wouhinner? Kee Problem! Lonely Planet huet eng Lëscht mat de beschte Reesziler fir 2025 erstallt, a mir stëllen Iech der e puer vir.

08/11/2024 Lonely Planet

Fänke mer u mat dräi vun de méi exotesche Plazen, déi bei Lonely Planet op hirer Lëscht vun de beschte Reesziler fir 2025 stinn.

Dat éischt Land ass Laos, am Südoste vun Asien. Dës Regioun ass virun allem bekannt fir déi onberéiert a wëll Natur, déi fir eng grouss Unzuel vun exoteschen Déieren a Planzen eng Heemecht bitt. D’Land ass nach net vu Massentourismus betraff, a gehéiert zu engem éischter méi rouegem Reeszil. Trotzdeem ginn et hei vill Aktivitéiten déi ee maache kann, zum Beispill kloteren, Vëlo fueren, oder mat enger Tyrolienne iwwert Schluchten schwiewen.

Eng aner exotesch Destinatioun op der Lëscht ass Paraguay, e klengt Land matten am Häerz vu Südamerika. Hei heescht et: sech zeréck leeën an entspanen. D’Land ass immens gaaschtfrëndlech an et gëtt vill ze kucken. Entweder sonnt ee sech op gëllene Plagen, oder et geet een déi impressionant Waasserfäll bestaunen. Oder awer et besicht een d’Haaptstad vu Paraguay, Asunción, déi och "d’Weltstad vun der Frëndschaft" genannt gëtt.

Als lescht stelle mir Iech Kamerun vir. Dat klengt Land an Zentral Afrika verbënnt Kultur mat enger onbeschreiflech schéiner Natur. Mat enger Kuliss aus tropesche Bëscher, wäisse Stränn a Vulkanen am Hannergrond weess Kamerun ze iwwerzeegen. Et gëtt gezielt, datt een an der Haaptstad Yaoundé ëmmer Musek héiert a Leit zu rhythmesche Rumba Lidder danze gesäit. Dëst Land straalt einfach puer Liewensfreed aus.

An et stinn och europäesch Länner op der Lëscht.

Wien an der Zäit tëscht Dezember an Abrëll gären an de Wantersport fiert, fir deen ass Bansko eppes. Eng charmant Stad am Südweste vu Bulgarien, direkt bei de Pirin-Bierger. Bansko offréiert eng grouss Unzuel Schipisten a Wanderstrecken. Am historeschen Zentrum gëtt et och vill ze kucken. D’Alstad mat hire klenge Stroossen aus Pawee an den typesche bulgareschen Haiser ass d’Séil vu Bansko. Hei kann een zum Beispill eng Banitsa schmaachen, en traditionellt Gebäck mat Kéis.

Als nächst gi mer an de Süde vu Frankräich, an zwar op Toulouse. Dës franséisch Stad gëtt net fir näischt eng "Miniatur vu Paräis" genannt. Toulouse erënnert un e Labyrinth aus Stroossen, an deenen ee virun allem Konscht-Galerien, Muséeën, an exzellent Restaurante fënnt. D’Stad huet och en zweete Spëtznumm: Toulouse gëtt wéinst den alrosaen Zille vun de Kierchen och "déi pink Stad" genannt.

Dat drëtt Land dat mir Iech aus der Lëscht virstellen ass Litauen. Litauen ass dat südlechste vun den dräi baltesche Länner am Nord-Weste vun Europa. D’Haaptstad Vilnius ass déi gréngste Stad vun Europa 2025. Hei kann een déi beandrockend Palaisen aus dem 17. Joerhonnert besiche goen, oder et trëppelt een duerch déi Unesco-geschützten Alstad. Am Land ginn et donieft och schéin Nationalparken duerch déi ee wanderen an d’Natur bestaune kann.

D’Redaktioun vu Lonely Planet gëtt nieft de Saachen déi een an dem jeeweilege Land maache kann, och Tipps wéi een am beschten an d’Land reese kann, a wat déi beschte Reeszäit ass. Fir méi gewuer ze ginn, kuckt op

.