
© unsplash.com
Wéi Schnéi op Chrëschtdag, ass och e perfekte Chrëschtdag dacks eng Illusioun. Sécher gëtt et Schnéi op ville Plazen op der Welt zu där Zäit a sécher ginn et och vill Famillen op deene Chrëschtdag wéi aus dem Billerbuch ass. Mä dacks kënnt et anescht an zweetens wéi ee mengt.
Aus der erhoffter Familljenharmonie kann da mol en décke Sträit ginn. Wat awer dann net immens verwonnerlech ass, wann ee Leit um Dësch huet, mat deenen ee soss och net eens gëtt. Firwat sollt dat Chrëschtdag anescht sinn? Dofir 1. mol seng Erwaardungen erofschrauwen a wechkomme vum Wonsch ''Chrëschtdag gëtt alles besser''. Och seng eegen Uspréch u sech an un anerer méi kleng halen. Soss ka sech dorausser just Frust entwéckelen, dee sech dann entluet, wann och nach Alkohol am Spill ass.
Anescht gesot, duerch den Drock alles soll perfekt sinn, gëtt alles nach méi uerg. Besser et geet ee geloossen un alles erun. Amplaz sech eppes Perfektes virzestellen, soll ee sech vir huelen, sech net opzereegen an och selwer kee Grond ze ginn, datt en anere rosen ass. Et huet och kee Sënn sech an der Kichen ze verstoppen, fir desagreabelen Invitéen aus de Féiss ze goen.
Do am beschten déi Leit dann net alueden, sech zur Léift an och deenen aneren, déi och ëm den Dësch sëtzen an net dofir kënnen. Dat bréngt alles näischt. Einfach nee Soen, roden och Experten. Net fir näischt fueren och vill Leit déi Deeg fort, an d'Vakanz. Och eng Manéier fir Nee ze soen. Muss een awer Leit ruffen, mat deenen een net eens gëtt, da sech virhuelen, kee Sträit opkommen ze loossen an sech dorobber astellen.

© unsplash.com
Stress mat de Kaddoen?
Jo och dat ass ëmmer Thema, awer muss et wierklech Kaddo ëm all Präis sinn? Vläicht wichtelt een och. Da kritt ee selwer e Kaddo an et brauch ee just och ee Kaddo fir en aneren erauszesichen. An net fir déi aner 10 Leit, déi och do sinn an et weess een net war.
Beim Kaddo ass et jo och, wann de Kaddo net gefält, wat dann? Dann nees Frust.
Dofir soll ee sech mat de Leit ofschwätze wat geschenkt ka ginn; virun allem bei Kanner, déi op eemol net méi wësse wat fir d'éischt opmaachen. Och do ass manner méi, an dat sollt een als Tatta, Bomi, Monni och akzeptéieren, wann Eltere Stop bei ze ville Kaddoe soen.
Et muss een dann och net nonstop zesummen hocken.
Nee dat bréngt och näischt. Wa Kanner do sinn, kann ee mol mat deenen e bëssi spillen. Et kann een dann och mol trëppele goen oder soss eppes aneschtes maachen, wéi elo just beieneen um Dësch sëtzen.