Et sinn déi Deeg, wou een elo net direkt e Regime sollt ufänken. Virun de Chrëschtdeeg lackele schonn s immens vill gutt Schneekegkeeten op all Eck. An op de Festdeeg selwer sinn der Fantasie keng Grenze gesat, wat een alles Guddes opdësche kann, an awer soll ee seng Gesondheet awer net ganz aus dem Spill loossen.

24/12/2024 Fest vun de Kalorien

Sécher net, ma et soll een de Mo awer net ze vill strapazéieren, sou datt een duerno am Bett läit, well et engem net gutt ass. Do kënnt scho Munches zesummen u Séissegkeeten, Alkohol an da groussaartege Menüen, wéi eng Dinde mat alles derbäi, Raclette, Austeren, Foie gras, Fondue etc.

Also Kalorie wëll een do léiwer net zielen.
Nee muss ee jo och net. Ma et soll een awer och net iwwerdreiwen. Muss et wierklech en zweet Stéck Bûche sinn? Oder muss et Glace a Bûche sinn? Eng Coup Schampes geet vläicht och duer, wann et duerno nach Wäi gëtt. Et ass wéi bei allem, Mëttelmooss halen. Dat soll ee senger Gesondheet zu Léift dann och behäerzegen.

Et heescht dann och, datt d'Mënschen elo net tëscht Chrëschtdag an Neijoerschdag déck ginn, mä tëscht Neijoerschdag a Chrëschtdag.
Déi 7 Deeg wäerten elo sécher net alles futti maachen, wann ee soss dat ganz Joer dach oppasst, wat een ësst an een elo op deene Deeg sech mol eppes Aussergewéinleches gënnt. An dat eent oder anert Pond da méi op der Wo ass bei deenen, déi sech soss ganz iwwerluecht ernären, och nees séier fort.

RTL

© unsplash.com

Elo mol net d'Kiloe gekuckt, villt a fettegt Iessen ass schonn eng Belaaschtung fir eise Kierper.
Den Daarm kënnt dacks u seng Grenz, et fillt ee sech opgelaf an et kann zu Mokrämp kommen. Normalerweis soll en erwuessene Mënsch bis zu 2000 Kalorien den Dag iessen oder drénken. Bis zu 6000 Kalorie kënnen op engem Feierdag zesumme kommen, wat dat 3 facht ass, wat ee soss den Dag esou soll zou sech huelen. Eis Liewer ass do iwwerfuerdert.
Da sinn do och Cholesterin a Bluttzocker; enger dänescher Etüd no, sinn dës Wäerter no Chrëschtdag a Silvester dacks méi héich an dës dreiwen de Risiko fir Häerzkreeslaferkrankungen wéi e Schlag oder Häerzinfarkt an d'Luucht.

Wéi  mécht een et richteg?
Wéi ëmmer, net ze vill vu allem. Da lues iessen, d'Sättegungsgefill setzt eréischt no 15 Minutten an. Da kann och eng Moolzecht am Dag mol ausgelooss ginn an da kann een en Dag aleeën, op deem ee just Uebst a Geméis ësst.
Da sech och beweegen, esou kann ee op de Feierdeeg och mol gutt trëppele goen, dat reegt en plus de Stoffwiessel un an et fillt een sech duerno och besser. Och nach e puer Wuert zum Alkohol, dat si vill Kalorien, déi een einfach esou ewech drénkt, och déi schloen op där Tabell vun de Kalorien ferm an d'Gewiicht. An ze groussen Alkoholkonsum ass och dacks Ausléiser fir Sträit op Feieren. Och net ze negligéieren.