
Haut, muer an en Donneschde kommen d'Famillen zesumme fir Chrëschtdag ze feieren. Ma wie Loscht huet trotzdeem ënnert d'Leit ze goe, ka säi Gléck fannen.
Zum Beispill zu Hesper am Park hannert der Gemeng. Do fänkt de Mëtten um 14:00 de Chrëscht Apéro un.
Oder kënnt Dir Iech nach un de Choco-Réveillon an der Hollerecher Strooss erënneren? Dee féiert haut säi Revival am Hitch um Lampertsbierg. Den DJ Dee leet vun 14:00 bis den Owend 19:00 op.
Réveillon zu Esch. Schonn um 12:00 de Mëtteg geet et op der Brillplaz mam Steel Punch lass. Deen Apéro dauert bis 18:30. An op der Last Day before X-Mas Party an, a bei, der Brasserie K116, nieft der Kufa, sinn d'DJe Fritz a Petz vun 14:00 bis den Owend 20:00 am Asaz.
Muer de Mëtten um 15:00 geet et da mat der X-Mas Street Party beim Wëllem an der Stad weider. Wien Owes um 22:00 nach net midd genuch ass, kann dann op d'Christmas After Party an de Wëllem selwer goen. Vun 22:00 bis 3:00 leeën do d'DJe Serge, Double P a Jos op.
A wann Dir et muer gär méi rockeg hätt; an de Rives de Clausen an der Rockbox spillt den DJ Serj Silva vun 22:00 bis 3:00.