
© RTL / Raab Entertainment / Bene Müller
De Virwëtz wäert den Owend zimmlech grouss sinn, wann de Stefan Raab an de Bully Herbig, eng éischte Kéier zesummen eng eege Sendung maachen, an de Numm ass Programm: 'Stefan und Bully gegen irgendson Schnulli'.

Zwee Schwéiergewiichter aus dem Entertainment stoussen openeen an et dierf een gespaant sinn op e Mix aus Kreativitéit an Ënnerhalung, souzesoen en Dreamteam ass gebuer.
Et gëtt gefight, awer net géinteneen mee mateneen. Déi zwou Showgréissten sinn eng Unitéit a schloen gären den Owend e neit Kapitel an der Fernsehgeschicht bei RTL op. Se trieden géint deen Kandidat un, deen et um Ufank vun der Show packt dräi aner Konkurrenten ze klappen.