
Et gëtt Decisiounen, déi een eng Kéier huelen muss, well do hëlleft et näischt, déi ëmmer nees viru sech hin ze dreiwen, an ze verréckelen. Heiansdo hëlt d'Zäit engem awer och Aschnëtt an d'Liewen of, a kritt d'Changementer quasi opgezwonge. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth, mat engem Fall aus der Praxis wou dat glaskloer ass.
De Mini-Pinscher Nino war an der Lescht bal nonstop amgaang, sech op louche Manéier mat engem gréngen Teddybier ze ameséieren. Wat seng Leit emol net gestéiert hätt, wann hien domadder net esou lues och richteg krank gi wier. Um Enn wollt hien bal net méi friessen oder spadséire goen an hat op eemol och säi Pippimännchen - wéi ee sech denke kann - vun elauter Rammelstress ferm entzünt. Säi Meeschter wollt hien awer nach ëmmer net kastréiere loossen: et wier géint dem Déier seng Natur an säin Nino géif dovunner och déck a granzeg ginn.
Dat ass jo awer heiansdo och no enger Kastratioun esou?
Wat de kastréierten Hond méi kleng ass, wat méi Ersatz-Testosteron vun de Niewennieren produzéiert gëtt, wat mécht, datt ee bei klenge Muppe meeschtens guer näischt dervu mierkt an de Patient selwer och weider net. Fir awer ze gesinn, wéi de Nino sech no enger Kastratioun fillen a behuele géif, gëtt et haut eng ganz gutt Hëllef: d´Chemesch Kastratioun mam sou genannte Suprelorin-Chip. Am Fong näischt aneschtes wéi eng Piqûre tëscht d´Schëllerblieder, déi 6 Méint hält. De Nino war domat esou gutt, dass seng Leit sech um Enn dunn awer fir d´chirurgescht Kastréieren decidéiere konnten.