
© unsplash.com
Mat Musek geet et an dat neit Joer eran.
Am Cube 521 zu Maarnech heescht et ''Musicals by Candlelight''. Hei kommen d'Musical Fans op hier Käschten, awer dat an engem extra Ambiente mat wonnerschéinem Käerzeliicht.
Daucht an d'Welt vun de Musicals vum Andrew Lloyd Webber, Stephen Sondheim, Rodgers & Hammerstein mat de Museker vun ''Icon Strings'', dem Emsemble vu London, dee sech aus präisgekréinter Museker zesummesetzt. The place to be fir ''Musicals by Candlelight'' ass den Owend ëm 8 Auer zu Maarnech am Cube 521.
An da gëtt et nach e weidere Concert, de Sonnde Moien ëm hallwer 11 am Stater Conservatoire. Dësen Neijoerschconcert ass e Concert de bienfaisance an de Benefice ass fir d'Associatioun Wheels Up - Hëllef fir psychesch krank Kanner. Um Programm: Peter vun der Wolf vum Sergei Prokofjev.
Piano: Jean a Gary Muller, Percussioun: Michel a Pol Mootz, Uergel: Paul Kayser an Text Michel Abreu Lopes.
Peter und der Wolf muer de moien ëm 10h30 am Stater Conservatoire