Den éischte Feierdag vum Joer hu mir schonn hannert eis, ma wat kënnt nach. Interessant ass et ze wësse wéi et mat de Bréckendeeg a verlängerte Weekender ausgesäit. Mir hu fir Iech scho mol e klenge Bléck an de Kalenner vun 2025 geheit.

02/01/2025 Bléck op d'Bréckendeeg a verlängert Weekender fir 2025 INTERNET

Ugefaange mat enger manner gudder Nouvelle. Bréckendeeg ginn et der nächst Joer net ganz vill. Fir genee ze sinn, just 2. Dofir ginn et awer nees eng Partie verlängert Weekender déi et Iech erméigleche vläicht deen een oder anere Kuerztripp ze plangen.

Dat neit Joer fänkt ëmmer mat engem Feierdag un, dës Kéier war dat op engem Mëttwoch, mat 2 Deeg Congé, hätt een also 5 Deeg um Stéck fräi gehat. Dono heescht et Gedold hu bis am Abrëll.

Dono heescht et Gedold hu bis am Abrëll. Do ass et den Ouschterméindeg deen, wéi sollt et anescht sinn, och nächst Joer op e Méindeg fält. An zwar op den 21. Abrëll.

Déi gutt Nouvelle da fir de Mount Mee. Hei ginn et dann direkt 2 Bréckendeeg an och 1 verlängerte Weekend. Den 1. Mee ass nämlech op engem Donneschdeg, genee sou wéi den 29. Mee, den Dag vu Christi Himmelfahrt dee souwisou ëmmer op en Donneschdeg fält. Mat engem Congésdag den 2. oder den 30. Mee huet een deemno e schéine laange Weekend am Fréijoer. D'Journée de l'Europe, den 9. Mee, ass op engem Freideg. An dat war et da wéi gesot och scho mat de Bréckendeeg 2025. Dofir ginn et am Juni nach 2 Feierdeeg an zwar Péngschtméindeg den 9. an, net ze vergiessen, Nationalfeierdag e Méindeg den 23. Juni.

Am Summer ass et dann u Maria Himmelfahrt de 15. August, deen op e Freideg fält an et engem sou erméiglecht an der grousser Vakanz vun engem laange Summerweekend ze profitéieren.

Fir Allerhellegen, dat nächst Joer op e Samschdeg fält, gëtt et en Dag Congé weider, sou dass de Congé legal minimum op 27 Deeg klëmmt. Jo an dann ass scho Chrëschtdag, do ass een da well vum Mëttwoch Owend, also Helleger Owend, am Weekend well Chrëschtdag selwer sou wéi Stiefesdag falen op Donneschdes respektiv Freides.

Elo wou dat gekläert ass, heescht et erun un de Congésziedel a séier mol déi 2 Bréckendeeg sécheren éier d'Aarbechtskolleegen et well gemaach hunn.