
© Patrick Greis
Nom Mars Di Bartolomeo am Januar 2020, war de Fernand Etgen am Juni lescht Joer den 2ten Chamberpresident deen am RTL-Afterwork Ried an Äentwert stoung. Dem Fernand Etgen seng politesch Karriär goung ëmmer just biergop. Buergermeeschter, Minister, Chamberpresident. Mee hien ass och en excellente Grillmeeschter, Bréckebauer, Charmeur an Acteur, a verpasst näischt, och mat den Aen zou. Am 'Café des artistes' am Gronn sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och gewuer ginn, dass hien gär séier mam Auto fiert, den Tour de France eng Kéier gewanne wollt a firwat hien souguer an Amerika 'Tiger' genannt gëtt. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Direkter vum Mierscher Theater, dem Claude Mangen. Eis zielt hien wéi hien Acteur ginn ass an dass do d'Massendénger net ganz onschëlleg waren. Mir héieren wéi den Thierry van Verwecke bei him ënnerdaach koum an op wéi eng originell Manéier hien säin 50ten gefeiert huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen