2019 huet den Johannes Oerding eng éischte Kéier als Kënschtler bei 'Sing meinen Song' matgemaach. Villes ass an dertëscht geschitt. Haut fänkt déi 12t Staffel un, an et ass entretemps schonn déi 5ten Kéier dass hien den Zeremoniëmeeschter ass. Hien dierf d'Gespréicher féieren, seng Kolleegen à l'aise setzen, a kucken dass d'Soirée ronn gëtt.

Johannes Oerding - Südafrika
RTL

© RTL / Boris Breuer

Dat wat d'Sendung sou speziell mécht ass, dass Leit déi alleguerten just Musek am Kapp hunn sech e bësschen vum Recht vun der Welt ofschiermen a just hierer gréisster Passioun nokommen, an et goufen nees vill speziell Kënschtler ausgewielt an zesummegewierfelt, déi elo ënnereneen Lidder austauschen an sou interpretéieren wéi si se fillen a spieren.

Freeën dierf ee sech op d'Pop-Ikon Mieze Katz von MiA., de Michael Patrick Kelly, de Singer-Songwriter Bosse, de Sänger vu ClockClock Boki, de Rapper FiNCH an d'Singer-Songwriterin Madeline Juno déi richteg begeeschtert ass.

Madeline Juno - Format

d'Plaz wou d'Sendung gemaach gëtt ass natierlech magesch, mee zum Geheimnis vun der Show gehéieren fir de Johannes Oerding nach aner Saachen derzou. Et kritt een näischt mat vun der Emwëlt, hänkt net um Handy a léisst sech vu kengem a näischt oflenken.
(Extrait: 22-04-2025 Sing meinen Song (3) Johannes Oerding - Geheimnis)

Johannes Oerding - Geheimnis