De Numm Daniel Hartwich verbënnt een kloer mat RTL. Aktuell presentéiert hien all Freideg zesummen mam Victoria Swarovski 'Let's dance'. Hien huet awer och vun 2013 bis Februar 2022 den Dschungel also 'Ich bin ein Star, holt mich hier raus' mam  Sonja Zietlow animéiert. An hien war de Moderator vum 'Supertalent' oder de 'Lego Masters'. Haut um 21h15 leeft seng nei Show: 'Die perfekte Reihe' op RTL.

Die perfekte Reihe - Daniel Hartwich - Format

D'Sendung leeft um 21h15, also hannert enger verkierzter Versioun vun 'Wer wird Millionär'. Wëll hien do eventuell de Quizgott Günther Jauch vu sengem Troun huelen, mat engem neien Quiz, oder wéi een an Däitschland seet, ass hien domadder 'In den Fußstapfen' vum Här Jauch?

Die perfekte Reihe - Daniel Hartwich - puer Schong

Versprach gëtt eng Mëschung aus kniwwelege Froen, déi d'Kandidaten vill Nerven kaschten an d'Spectateuren matrappe sollen. Fir d'éischt muss ee sech konzentréieren, dann sortéieren an um Enn kann een dann de Grapp ophalen.

Die perfekte Reihe - Daniel Hartwich - Quiz

An ob dat geklappt huet a genuch Leit virun der Televisioun souzen wësse mer spéitstens muer moien um 08h30 wann d'Quoten erauskommen. 'Die perfekte Reihe' mam Daniel Hartwich leeft den Owend um 21h15 no 'Wer wird Millionär', an dann de 5ten an 12ten Mee um 20h15 zur beschter Sendezäit.