Mir ginn zeréck op Kanech op de Golf. Do ass de Moien eis RTL- Reporterin Céline Spithoven ënnerwee an huet d'Sportaart getest. Et ginn jo eng ganz Partie Virurteeler wat dëse Sport ugeet. Ma d'Clibb hei am Land wëllen elo aktiv eppes dogéint maachen a Golf och fir de breede Public méi interessant maachen. Méi héiere mir lo vu Kanech, Salut Céline.

18/4/2025 RTL Reporter um Golf Canach 9h40

"Genee, mir sinn ëmmer nach zur Kanech um Golf. An nieft mer ass elo de Marc Schmit, hien ass President vun der Golf Federatioun. An Golf, dat ass e bësse fir jiddwereen, hutt Der gesot.

Jo, genau. Golf ass am Fong e Sport, deen ee ka maache vun aacht bis 100 wann ee wëll. Mir hunn eng ganz grouss Communautéit vun Eeler Spiller, mee lues a lues kréie mer och ëmmer méi eng grouss Communautéit och vu méi Jonken.

An Dir hutt gesot, Golf kann och elo jiddwereen eng Kéier probéieren, ne?

Jo, genau. Dat ass dëst Joer déi éischt Kéier eis National Golf Days, déi mer organiséieren de 17. an 18. Mee. Dat gëtt an all Clibb hei zu Lëtzebuerg gespillt an am Luxzenter zu Kockelscheier, wou ee sech och kann aschreiwen. Also et ka se sech elo um Site vun der Federatioun aschreiwen, fir déi, déi sech eng Plaz wëlle reservéieren.

tipptopp, ma merci Iech. Genau, dat war et dann elo vun eis hei, vu Kanesch. Mir haten op alle Fall e gudden Dag hei beim Golfclub. A genee, wann Der lo stëtt och Golf mol eng Kéier ze erliewen, wéi gesot den 17. Mee, kënnt Der dat dann gäre probéieren. "