
© Patrick Greis
Dës Woch maache mir e kuerzen Flashback op Invitéeën déi an de leschte Wochen op Besuch am 'Café des artistes' waren. D'Simone Beissel ass eng richteg Managerin, well soss hätt déi geléiert Juristin, a stellvertriedend Friddensriichterin net alles ënnert een Hutt kritt. Se ass Deputéiert, engagéiert Stater Schäffin a Mamm vun zwee Kanner, déi zu all fräiem Moment, deene verschiddenste Sportaktivitéiten nogeet. Den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten kruten an Abléck an hiert ofwiesslungsräicht Liewen, ugefaange bei der onbeschwéierter Kandheet. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Auteur, Journalist a Papp vum Superjhemp, Lucien Czuga. Mir gi gewuer firwat hien sech dem Grand-Duc eng Kéier an de Wee gestallt huet, dass hien 13 Nationalhymnen beherrscht, an den Techernobyl-Reen geroden ass, mat de Girls vum Lido zu Paräis op der Bün stoung, am Restaurant vum KGB g'iess huet a Kachkéis an d'USA erageschmuggelt huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen