© Patrick Greis
De Claude Bintz ass de fréieren Chef vun Tango, Voxmobile an IP-Lëtzebuerg deen och Musek am Blutt huet. Am 'Café des artistes' zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten wéi et ass, wann een den Zouschlag kritt fir e Telephonsreseau opzebauen. Hien beschreift, wéi seng Sammlung mat alen Handyen an coolen Gittaren ausgesäit. Mir héieren firwat seng Band mëttwochs moies prouft a wéi de Batteur eng Kéier op der Bün verschwonne ass. Mir ginn gewuer wéi hien Sushi mam Grand-Duc zu New York giess huet an, dass hien de Weltrekord vun den Coveren um Paperjam mat engem aneren Jean-Claude deelt. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Auteur, Journalist a Papp vum Superjhemp, Lucien Czuga. Mir ginn gewuer firwat hien sech dem Grand-Duc eng Kéier an de Wee gestallt huet, dass hien 13 Nationalhymnen beherrscht, an den Tchernobyl-Reen geroden ass, mat de Girls vum Lido zu Paräis op der Bün stoung, am Restaurant vum KGB giess huet an: Kachkéis an d'USA erageschmuggelt huet.
De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen