
© Patrick Greis
Fir Neijoerschdag 2000 hat den BMJ ausgerechent, dass all Zigarett géing 11 Minutten Liewenserwaardung kaschten. Dat war deemools hiren Versuch mat gudden Virsätz an dat neit Joerdausend mat besserer Gesondheet ze starten. Den Dr Marc Keipes, aus dem GesondheetsZenter op der Gare kënnt haut mat neien Zuelen a weess wat deemools an der Rechnung falsch gelaf war.
Leider haten si nëmmen Männer op der Rechnung a sinn vun engem Verloscht vun 6,5 Joer fir e Fëmmert par Rapport zu engem Net-Fëmmert ausgaangen. Bei 15,8 Zig'sen an der Moyenne pro Dag sinn si op déi 11 Minutten komm. Elo 25 Joer méi spéit ass nei a besser ausgerechent ginn mat 1,2 Mio Leit an eben elo och mat Fraen. Elo ginn et direkt 10 Joer Verloscht u Liewen. D'Liewenserwaardung ass jo vun den Net-Fëmmerten an deenen 25 Joer eropgaangen an déi vun de Fraen ass souwisou méi laang, mee d'Liewenserwaardung bei Fëmmerten ass plus ou moins gläich bliwwen säitdeem.
Komme mer bei déi nei iwwerschafften Resultater:
Déi nei Rechnung ergëtt, dass een gläich 22 Minutten pro Zigarett verléiert als Fra, 17 bei Männer. Obwuel d'Consommatioun vun 16 op 14 Zigaretten pro Dag an der Moyenne erofgoung. Lo kennen ech Fëmmerten déi kalbliddeg soen, dass se souwisou net sou laang wëlle liewen, mee et sinn net déi Joren mat iwwer 75 déi verluer ginn, et sinn déi gutt Joren. Also léiwer net 39 Joer laang schaffen an dann bannent 9 Méint ofkrazen, virun der Pensioun wa méiglech. Et gëllt fir eis all, fëmmen bréngt 1 vun 2 Konsumenten ëm. Keng Zigarett, da bleif dir gesond.