Den Agenda ass gutt gefëllt fir den Ouschterweekend an annoncéiert scho wat déi nächst Zäit am Mëttelpunkt steet, den Télévie. Ganz vill Manifestatioune ginn dëse Weekend am Kader vum Télévie organiséiert.

19/04/2025 AGENDA gutt

De Moien ëm 10 Auer start d'Familljefest am Carpodome zu Riemeschen, mat flotten Aktivitéiten an Ateliere fir d'ganz Famill, wéi Fëschen, Intefëschen, Cornhole, Pétanque, Gesellschaftsspiller XXL, Slackline, Facepainting a vill méi...

Haut nach vu 16-19 Auer verkeeft d'Fanfare Schuller-Sprénkeng an der Buvette vun der Musek zu Schuller Ouschtereeër.

An de Gemengenatelier zu Käerch kann ee vun hallwer 12 un an de CarWash fir den Télévie fueren, an dat scho vun 10€ un.
Fir de Patt a Maufel ass och gesuergt.
Mir bleiwen zu Käerch. Do ass Ouschtersonnden de Käercher Ouschter(Grotte)Kick. Dat ass e spannende Fussballmatch tëscht dem FC Käerch an der Missioun Grottekick, also eng sportlech Renconter mat vill Spaass a gudder Stëmmung, dëst um
Déckebierg. Ustouss ass ëm 18 Auer, mat Tombola an Animatioun fir déi Kleng an Iessen a Gedrénks.

Ouschterméinde steet am Zeeche vum Péckvillchen, natierlech och zu Gonschte vum Télévie. Hannert dem Palais verkeeft de Comité Alstad de flotte Péckvillchen.

Am Kader vum Télévie 2025 invitéiert de Kiwanis Club vun Hesper op hier Aktioun um Charity-Bike. Dësen XXL Vëlo fiert vum 21. bis de 25. Abrëll duerch d’Land a sammelt an de verschiddenen Centre de Promesses Sue fir den Télévie. An Ouschterméinden ass den Charity-Bike zu Nouspelt op der Emaischen vun 10 bis 5 Auer.
Zu Nouspelt ass haut um Samschden dann och e Bal mat de Providers, de Sonnde ass Bal mat Kontrollverlust an de Méinden dann d'Eemaische mam Télévie-Charity-Bike.

Oustertour mam Oldtimer heescht et dann zu Brotebaach, Depart ass Ouschterméinden ëm hallwer 10 fir Trakteren an Autoen beim Sall. A Mëttes ass d'Ausstellung vun den Oldtimer ronderëm d'Kierch.

An um Ouschtermaart an der Foussgängerzone zu Klierf fannt Dir op Ouschterméinden och d'Gadgete vum Télévie.
All Detailer ginn op televie.lu

Nieft den Ouschterrallyen uechtert d'Land, ass och nach haut an der Stad op der Plëss Floumaart.
Den DT Nidderkärjeng invitéiert déi nächst 3 Deeg an de Kärjenger Treff op säin 11. Salon des Vins d'Occitanie.
A vum Ouschterméinden u leeft och nees de LiteraTour zu Beetebuerg un. Am Schlasspark ass de Méinden den Opening.
 
Nach en Tipp fir Indie-Rock-Fans, haut den Owend ass de Festival ''Out of the crowd 2025''an der Kulturfabrik. Bands aus England, Éisträich, USA, Irland, Frankräich, Kanada, Holland a vun hei gi sech d'Klensch an de Grapp.

Nach méi Agenda op

an op