De Lucien Czuga ass Auteur, Journalist an een vun de Pappen vum Superjhemp. Am 'Café des artistes' verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten firwat hien sech dem Grand-Duc eng Kéier an de Wee gestallt huet. De Luss zielt dass hien 13 Nationalhymnen beherrscht, an den Techernobyl-Reen geroden ass, mat de Girls vum Lido zu Paräis op der Bün stoung, am Restaurant vum KGB g'iess huet a Kachkéis an d'USA erageschmuggelt huet. Piano: Marc Schmidt

21-04-2025 RTL-Afterwork: mam Lucien Czuga (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt de Lucien Czuga dass hien e Bouneweger ass an, dass seng Kandheet un de Film 'la guerre des boutons' erënnert. Mir gi gewuer dass de Film iwwer de Superjhemp och zum Deel seng Handschrëft dréit an héieren, wéi schlëmm et ass wann een op engem 6ten Dezember gebuer ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen