
© Patrick Greis
De Lucien Czuga huet dem Superjhemp an dem ganze Vollek vu Luxusbuerg jorelaang d'Wieder an de Mond geluecht. Hien versteet et wéi keen zweeten mat Wieder ze jongléieren, pointéiert Remarken ze maachen an ass en Ass a Saachen Wuertspiller, an dat net just am Professionellen mee och owes beim Patt. An t'kann och keen sou gutt driwwer laachen wéi hien selwer. Am 'Café des artistes' huet de Luss dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och verzielt, dass hien dem Film iwwer de Superjhemp eng perséinlech Touche ginn huet. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Lucien Czuga firwat hien 13 Nationalhymne kann. Mir ginn gewuer, dass säin Bop mam fréiere belsche Kinnek Leopold als Bouf am Park zu Laken gespillt huet, an héieren dass hien selwer Lëtzebuerg bei 'Questions pour un champion' mam Julien Lepers op der Telé vertrueden huet an do och mat de Meedercher vum Lido op der Bün stoung.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen