Zu Bouneweg ass hien an d'Primärschoul gaangen, ier en an de Stater Jongelycée koum. 3 Joer war hie Redakter bei der Firma 'Euroguide International' an 1979 an 1980 Journalist beim Lëtzebuerger Journal. Richteg bekannt gouf hien dunn duerch seng Zesummenaarbecht mam Zeechner Roger Leiner an hirer Kreatioun, dem 'Superjhemp'. Am 'Café des artistes' am Gronn sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer op nach e puer méi onbekannt Talenter vum Luss gestouss. Piano: Marc Schmidt

23-04-2025 RTL-Afterwork: mam Lucien Czuga (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt de Lucien Czuga wéi hie Kachkéis mat an Amerika geschmuggelt huet a mat wat hie sech erausgeriet huet. Et geet ëm e Non-Stop Flug vu Lëtzebuerg op New York, deen awer en Halt an Island gemaach huet. A mir héieren, dass de Luss schonn am KGB-Restaurant war a gi gewuer, wéi eng bekannt Musek do erop an erof gelaf ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen