
© Patrick Greis
Zanter 1980 schafft de Lucien Czuga an der Publicitéitsbranche an huet vill Reklammen e witzegen Text agehaucht. D'Ära Superjhemp wou hien als Texter, zesummen mam Roger Leiner de Spunnes mat Land a Leit gemaach huet goung vun 1987 bis 2014. Donieft huet de Luss awer och nach mat aneren Zeechner zesummegeschafft wéi dem ND Genen oder Pascale Velleine wou 'De leschte Ritter' oder d'Serie 'Jamie Blond' an d'Regaler koum. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten goung et am Gespréich wéi op engem Buffet zou, mat lauter gudde Mäifelcher, wou och den Dessert en Thema war. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Lucien Czuga firwat hien sech op der Schlusspressessioun an der Stad, eng Kéier dem Grand-Duc Jean an de Wee gestallt hat. Mir héieren wéi hien an den Tschernobylreen gerode war a ginn gewuer firwat de Luss mam Boney M kal Nuddele giess huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen