
© Patrick Greis
Schreiwen a Liesen ass senges. Hien huet fir de 'Journal' geschriwwen, huet fir verschidde Publicitéitsagence getext an vu 1987 un huet hien Skripter fir Comicbicher geschriwwen. 2010 huet hien ugefaangen op sech selwer ze schaffen an 10 Joer huet hien hei um Radio Bicher vun diversen Auteuren virgestallt. Dat gréisst a wichtegst Kapitel vu sengem Liewen gehéiert awer dem Superjhemp a senger Renconter mam Zeechner Roger Leiner. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och Wäert op kleng Detailer vu sengem Liewen geluecht. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Lucien Czuga, dass hien all Moien Chessuku mécht. Mir ginn gewuer firwat hien seng Sammlung vu 6.000 BD'en huet missten verkafen, an hien verréit dass hien sech eng Kéier selwer de Kifer ausgerenkt huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen