Mat engem Held deen sech vu Kachkéis erniert a 'Poznennö' jäizt, huet de Lucien Czuga sech zu Lëtzebuerg veréiwegt. Den Duo Roger Leiner a Lucien Czuga huet awer nach méi wéi de 'Superjhemp' opweises. 'Leinereien mat Czugabe', 8 Sammelbänn vun der 'Déiere-Rubrik' oder 'de Pechert' an 'Hot Cuisine' ginn op hier Kap. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten de Meeschter vun de Wuertspiller besser kennegeléiert. Piano: Marc Schmidt

26-04-2025 RTL-Afterwork: mam Lucien Czuga (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um däitsche Sänger 'Joris' deen de Lëtzebuerger Public all anerem virzitt. Hien schwätzt iwwer 'Sex & Drugs & Rock & Roll' an der Showbranche a firwat virun, a no engem Concert keen Alkohol bei him méi gedronk gëtt mee Banannejus. Mir ginn gewuer wéi waarm et am Kostüm vu 'Masked Singer' ass a firwat bei der Sendung 'Sing meinen Song' souvill Tréinen fléissen. Hien gëtt zou op munchen Hit vu Kolleegen jalous ze sinn a verréit als Teenie onstierflech an d'Emma Watson verléift gewiescht ze sinn.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen