Wien frou ass mat Spannung a gären selwer eng Zort Detektiv spillt, deen ass den Owend richteg opgehuewen bei der Sendung 'Die Verräter - Vetraue Niemandem! um 20h15 op RTL. Et ass e Realityformat awer fält net ënner Trash, a Frankräich ass et och bekannt als 'LE TRÈFLE', an an Däitschland leeft op RTL elo déi drëtt Staffel animéiert vum Sonja Zietlow.

Die Verräter - Sonja Zietlow - Spannung

Motsi Mabuse, Joachim Llambi a Jorge González, Wayne Carpendale, Mirja du Mont, Ralf Bauer sinn e puer vun de 16 prominenten Kandidaten déi dat verdäiwelt Spill matmaachen. De Jan Hofer, de Fils vum Armin Laschet Joe Laschet an d'Charlotte Würdig fille sech geéiert gefrot ginn ze sinn.

Die Verräter - Kandidaten
RTL

© RTL / Stefan Gregorowius

RTL

© RTL / Stefan Gregorowius

RTL

© RTL / Stefan Gregorowius

An dann nach kuerz e Bléck hannert d'Kulissen, déi a kengem Studio stoungen, an och aus Steen, an net aus Holz oder Pabeier sinn.

Die Verräter - Sonja Zietlow - begeeschtert

Alles steet ënnert dem Motto wiem kann ech nach trauen a wien schmiert mech un. D'lescht Joer gouf et souguer e Fernseepräis an der Kategorie "Beste Unterhaltung Reality"  fir d'Format, an déi fonkelnei Staffel leeft den Owend um 20h15 op RTL un, an ass natierlech och op RTL+ ze gesinn.