De Joris ass e musikalesche Poet aus Däitschland mat enger onverwiesselbarer Stëmm. Am 'Café des artistes' am Gronn beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten schwätzt hien iwwer 'Sex & Drugs & Rock & Roll' an der Showbranche a firwat virun, a no engem Concert keen Alkohol bei him méi gedronk gëtt, mee Banannejus. Mir gi gewuer wéi waarm et am Kostüm vu 'Masked Singer' ass a firwat bei der Sendung 'Sing meinen Song' souvill Tréine fléissen. Hie gëtt zou op munchen Hit vu Kolleege jalous ze sinn a verréit, als Teenie onstierflech an d'Emma Watson verléift gewiescht ze sinn. Piano: Marc Schmidt

28-04-2025 RTL-Afterwork: mam Joris (Méindeg)

Muer geet et mam Joris ëm Ernierung, Gin Tonic, d'Rolling Stones a Bettgeschichten.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen