
© Patrick Greis
De Joris Ramon Buchholz ass Singer Songwriter a mécht Pop, a säi Succès koum iwwer Nuecht. 2015 huet en d'Single 'Herz über Kopf' erausbruecht a quasi op ee Schlag ware 610.000 Disken ënnert de Leit. Mat senge 35 Joer huet hien et awer och fäerdeg bruecht sech ëmmer z'erneieren an nei Musek erauszebréngen, déi ukënnt. Am 'Café des artistes' am Gronn huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten op all Fro geäntwert, a wa se nach sou speziell war. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Joris, firwat hie laang ofgewonk huet, wann eng Ufro vun 'The Masked Singer' koum. Mir gi gewuer wien de Kostüm eraussicht a wéi et hannert de Kulissen ofleeft. De Joris war awer och scho bei 'Sing meinen Song' an do verréit hie firwat do sou dacks Tréinen d'Baken eroflafen.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen