
© Patrick Greis
De Joris ass Museker duerch an duerch, an dofir steet hie reegelméisseg op der Bün a produzéiert nei Lidder am Studio. Mee op der Televisioun gesäit een hien och heiansdo an diverse Formater wéi 'Sing meinen Song', 'The Masked Singer', oder 'Joko & Klaas gegen Pro7'. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gefuerscht wéi et a sou Formater wierklech ofleeft. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Joris, dass hie vum Fussball bei d'Musek koum, wou e fir d'éischt Batterie gespillt huet ier e sech getraut huet ze sangen. Mir héiere fir wéi eng Projeten hie sech engagéiert an héieren, dass hien och heiansdo jalous ass op aner Musekerkolleegen.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen