De Joris war e Wonnerkand. Schonn mat 5 huet hien Musek gemaach, a just e puer Joer méi spéit huet hien och ugefaange seng éischt Lidder ze schreiwen. De Wee war quasi virgezeechent mee en huet awer e bësschen gebraucht, bis en drop komm ass, dass ee Musek och professionell maache kann. Am 'Café des artistes' huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten seng Geschicht verzielt a nach vill méi. Piano: Marc Schmidt

01-05-2024 RTL-Afterwork: mam Joris (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Joris iwwer säin neien Album 'zu viel Retro'. Mir gi gewuer firwat hien ëmmer däitsch séngt a mir héieren wéi eng Fro hien an Interviewen net méi héiere kann

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen