
© Patrick Greis
De Joris ass en däitsche Popsänger, dee seng Lidder selwer schreift. Hien kennt aus Nordrhein-Westfalen wunnt elo zu Berlin, a seng éischt Singel war direkt den Jackpot. Quasi iwwer Nuecht huet hien 610.000x 'Herz über Kopf' verkaaft. Um Ufank vu senger Tournée war hien am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten. An eppes gouf direkt kloer. Sou normal wéi en eriwwer kënnt, sou ass en och wann de Mikro aus ass. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Magaly Teixeira huet net just d'Nues an d'Kultur gezappt. Film, Theater, Danz, Gesang, bal kee Beräich deen et ausgelooss huet. Am 'Café des artistes' geet et ëm Fluchangscht, penibel Momenter am Danzsport, gewoten Zeenen am Film, e Papp deen ëmmer kräischt, eng Grande-Duchesse déi zur Kinnigin gëtt, Kazefudder am Selbsttest an speziell Kichelcher zu Amsterdam.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen