
Ee Misär kënnt seelen eleng heescht et, an do ass och eppes drun. Dr Romi Roth, d'RTL Déierendoktesch huet nees e Fall aus hirer Praxis derbäi deen dat leider beleet.
Den Jack -Russel-Mix Dino war schonn zanter bal enger Woch iergendwéi net gutt, wéi dunn och nach bluddegen Ausfloss aus der Nues an dem Daarm, Iwwerginn a bluddegen Duerchfall derbäi koumen. Hee konnt du schonn net méi goen an huet misse vu senge Leit an d´Consultatioun era gedroe ginn.
Den Dino hat immens Gléck am Ongléck: Noperen haten hien gesinn wéi hien am Gaardenhaischen rumouert huet, an nodeem wéi et dono ausgesinn huet, op enger niddreger Stallage en oppene Pak mat Rategëft verhaft huet.
Gëft géint Raten a Mais, sou genannt 'Rodenticiden', dat si meeschtens Cumarinen déi d´Bluttgerënnung stéieren wouduerch d'Ongedéiesch (oder wat mir esou qualifizéieren) bannewänneg verblutt. Am Präparat, dat den Dino fonnt huet, waren och nach 'Sulfonamiden' dran, wat d'Ophiewen vun der Bluttkoagulatioun nach méi staark an definitiv mécht. Dee klenge Mupp war no héich doséierte Vitamin-K-Sprëtzen a ville Baxteren nees um Dill. Well oft d´Gëft-Ursaach net gewosst ass an allgemeng awer e bëssen Zäit vergeet tëscht dem Friessen vum Gëft an de Symptomer, si vill vum Dino senge Muppen- a Kazekolleegen um Enn on- oder ze spéit behandelter Weis dout.