Wéini kommen déi meescht Puppelcher op d'Welt? A wann een dat bis ermëttelt huet, firwat sinn d'Gebuerten an den enge Méint méi héich wéi an den aneren? De Joseph Rodesch alias Mr Science verréit eis et. Gudde Mëtten Dir...

01/05/2025 Mister Science - Gebuerten

A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?
Dat hänkt vun der Regioun of. Zu Lëtzebuerg zum Beispill koumen an deene leschten 10 Joër déi meescht Puppelcher am Juli op d'Welti – an duerno am September an am Mee. An Amerika ginn et besonnesch vill Gebuerten am August. An d'Fuerschung huet och en Zesummenhang tëschent dem Gebuertsdag an der geographescher Lag fonnt. Wärend an den nërdleche Géigenden déi meescht Gebuerten am Fréijoer an am Summer sinn, verschiibt sech den Héichpunkt méi am Süden éischter a Richtung Hierscht. An op der Südhallefkugel sinn d'Muster anscheinend ëm sechs Méint verréckelt.

Mr Science - Gebuerten 2

Firwat ass dat esou?
De Mënsch kann d'ganzt Joer iwwer Kanner kréien. Dass d'Gebuertsdeeg ronderëm d'Welt trotzdeem net gläichméisseg verdeelt sinn, ka sozial, awer och biologesch Grënn hunn. D'Längt vum Dag kéint en Afloss drop hunn, wéini déi meescht Kanner gemaach ginn. Eng Etüd huet erausfonnt, datt op der Nordhallefkugel vill Kanner virun allem tëschent September an Dezember gemaach ginn. Bei néng Méint Schwangerschaft wieren déi meescht Gebuerten deemno tëschent Juli a September.

Mr Science - Gebuerten 3

Huet dat elo mat der Biologie oder mat eise soziale Gewunnechten ze dinn?
Warscheinlech ass et eng Mëschung aus béidem: An enger nach net evaluéierter Etüd hu Wëssenschaftler:innen Daten aus enger App fir Fraegesondheet mat Gebuerteregëstere kombinéiertv. D'Resultat: D'Fruchtbarkeet schwankt iwwer d'Joer, ass op der Nordhallefkugel awer an de Wanterméint méi héich. An d'sexuell Aktivitéit ass iwwer d'Feierdeeg méi héich, wat mat de Gebuertsspëtzten zesummenhänke kéint.
Ausserdeem gi Fuerscher dervun aus, datt och d'Liewensëmstänn vun de Fraen eng wichteg Roll bei der Verdeelung vun de Gebuerte spillen. So gouf zum Beispill an enger Studie no erkennbare Verännerungen an de Gebuertemuster vun enger landwirtschaftlech gepräägter Gemeng an de leschten 200 Joer gesicht. D'Hypothees ass : datt eng erfollegräich Schwangerschaft, an eng gutt Versuergung vum Puppelchen staark vun der Energieversuergung vun der Mamm ofhänken. Déi huet Fréier an enger landwirtschaftlech gepräägter Regioun mat der Joreszäit geschwankt, mee am modernen Ëmfeld ass dat éischter manner de Fall. Dat misst een dann an de Muster vun de Gebuertestatistiken erëm erkennen. Zu hirer Iwwerraschung konnten d'Fuerscher hir Hypothees net bestätegen. Si huelen un, datt vill verschidden Aflëss d'Gebuertestatistik prägen. Wéi eng genee, muss nach a weidere Studien ënnersicht ginn. An dofir bleift d'Fuerschung spannend.  

Mr Science - Gebuerten 4