Bréngt eng Zockertax, also eng extra Tax op Limonade mat Zockerzousaz e Benefice beim Gewiicht? Et war gewosst dass esou en erhéijen vum Präis d'Venten vu Cola a Kompanie dréckt, mee huet dat och e positiven Impakt op d' Gewiichtsentwécklung? Där spannender Fro geet den Dr Marc Keipes, Dokter am GesondheetsZenter op der Gare, haut no.

well besonnesch déi Jugendlech schlecht Iess- a Liewensgewunnechten an duerno am Alter ganz schwéier nees verléieren, hu mer eis haaptsächlecht hei ëm déi Jugendlech gekëmmert. Déi Etüd ass aus 2 Grënn interessant. Éischtens wéinst der Dauer. D'Participanten sinn 6 Joer ier déi Tax agefouert gouf gekuckt ginn, an och nach 4 bis 6 Joer duerno ëmmer gemooss a gewien.

03-05-2025 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes (1) Zockertax - Etüd

Den zweeten Volet vun der Etüd ass grad sou interessant, wann net souguer nach méi?

Deen zweeten Interêt ass et, dass eng ganz grouss Kohorte, bal 45.000 Jugendlech aus 4 Stied an den USA, déi déi Tax agefouert hunn, gi verglach mat 345.000 Jugendlecher aus den Nopeschstied ouni sou deier Limonaden. Souwuel bei de Jongen wéi bei de Meedercher konnt festgestallt ginn, dass hire BMI manner geklommen ass wéi bei der Kontrollgrupp. Dat war och jee no Ufangsaltersklass esou. An och d'Ethnie huet keen Ënnerscheed gemaach. An och déi Kanner, déi mat Iwwergewiicht oder Obesitéit geplot sinn hu manner zougeholl wéi déi Kanner aus de Stied ouni Zockertax. Passt mer also op mat deem séissen Gedrecks bei Iech, mee nach villméi bei äre Kanner an ären Enkelen. Da bleiwe se all gesond.

03-05-2025 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes (2) Zockertax - positiv Aspekter